Auragraph

Bei engem Auragraph-Reading  stellen ech der ee Bild op mat dengen ganz individuellen Faarwen an Symboler, déi stellvertrietend sin vir dech, daat waats de erlieft hues, deng aktuell Situatioun, deng Stärkten an schwaach Punkten. 

Zu desem Bild wärt ech der dann däin perséinlechen intuitiven Reading gin, wou sde Erklärungen kris zu den Faarwen an dësem Bild mee och zu den Elementer déi ech vir dech gemoolt hun. 

Een Auragraph steet ëmmer vir een Moment am Liewen an kann sou natirlech änneren. 

Och hei gët wéi bei engem intuitiven Reading deng momentan Situatioun beliicht ënner Abezéien vun wichtechen Evenementer äus der Vergangenheet an den Méiglechkeeten déi der deng Zukunft bereed hällt.

Auragraph-Reading