SOULS IN BALANCE
Informatiounen
E puer Wuert zu menger Persoun a mengem Wee hin zur Spiritualität.
Vu klengem un war ech ëmmer een oppenen Mënsch, deen daat Gudd an de Leit gesin huet. Een éiweschen Optimist, deen sech net sou séier erofzéien léist. Meng Mam huet mir oft erzielt wéi ech beim Akaafe goen jidderengem moie gesoot hun, ob ech en kannt hun oder net. Daat hun ech mer bis haut erhaalen. Natur an Déieren sin mer immens wichtech. Fir meng Famill an meng Frënn gin ech duerch d'Feier, alleng oder mat hinnen zesummen, wann et sou soll sin. An der Schoul kruut ech agettriichtert: Maach den Classique. mat enger Première kënns de vill méi wäit. Ech wosst zwar dee Moment net wouhinner, ma ech wollt dee Wee onbedingt goen. Géint den avis vun den Enseignants sin ech op classique komm. Ech war schliesslech just eng Duerchschnëttsschülerin! Géint den avis vum Lycée sin ech dun op Section E gaangen. An schons deemols wosst ech, wann ech eppes wëll, kann ech et ereechen. Egal ob ech déi Kompetenzen hun oder net, déi aaner vu mer erwaard hun. Ech si mäi Wee gaangen an hun et gepackt. Ma Konscht war dun awer net sou daat vir weider ze goen. 4 Joer laang si mer do an eng Form gepresst gin, déi mir awer net gepasst huet. An relativ séier war kloer: ech wëll mat Leit schaffen, am allerléifsten mat Leit mat enger Behënnerung. An och dee Wee sin ech gaangen an schaffen haut a mengem Beruf mat deene Leit, déi eis Gesellschaft als net "normal" ugesäit, well eis gesellschaftlech Normen net mënschorientéiert sin mee quasi just leesschtungsorientéiert sin. Dës Aarbecht huet mech vun Ufank un erfëllt an ech sin dankbar all Daag mat hinnen ze schaffen, hier Qualitéiten ze gesin an aaneren ze hëllefen, och de Fokus op Kompetenzen ze léen statt Defiziter. Dëst as och meng Motivatioun vir mat ganzheetlech Methoden wéi Readings, Reiki, ab 2018 och Emmett-Technique de Leit op hierem Wee ze hëllefen.
Privat sin ech eng stolz Mamm, déi zesummen mat hiere Kanner an hierem Partner vill erlieft huet an bestëmmt nach erliewen duerf. Déieren duerfen net feelen an sou hu mer mëttlerweil méi Gedéiesch am Häus wéi Leit.