top of page

IWERT MECH

Spiritualitéit as mer an engem gewesse Sënn an d'Wéi geluecht gin. Opgewues an engem ganz reliéisen Milieu waren Themen wéi Gott an och "iwersënnlech" Erfahrungen e festen Bestanddeel vu mengem Liewen. An der Pubertéit hun ech ugefaangen villes ze hannerfroen waat Relioun an hier strikt Geboter ugeet. Ma op villes kruut ech keng Äntwert, zumindest keng déi mech zefridde gestallt huet. Et huet mech dun vill Joere kascht, Kraft, Roserei an Traurechkeet vir mech vun deenen Dogmen laszeléisen. 
Ma et war wichtech an richtech vir mech, well nëmmen sou konnt ech ufänken mäin ganz perséinlechen, individuellen Wee ze gesin. En ze gesin an en dann ze goen huet awer nees vill Zäit gebräuch. Aal Denkmuster enk verknäppt mat Gefiller vun Schold an net gud genuch ze sin hun mech laang blockéiert. Mee wann d'Liewen ee Wee virgesin huet, brengt et eis ëmmer nees an Situatiounen déi eis dohinner sollen steieren. An sou koum et och. Duerch eng ganz Rëtsch vun schmerzlechen an haarden Erfahrungen sin ech endlech op mengem Wee richtech agebéit. Ech hun déi vir mech richtech Leit begéint oder nei begéint an déi hu mech op de Wee bruecht vum Schamanismus. Schamanesch Techniken a Kombinatioun mat Reiki hu mir eng ganz aaner Welt opgemeet, eng Welt déi nach ëmmer do war an as. Eng Welt an där ech meng eegen Kräften an Méiglechkeeten erkannt hun a geléiert hun se ze notzen vir un éischter Stell mir ze hëllefen an awer och aanere Leit weider ze hëllefen op hierem Wee. Reiki an Schamanismus sin och nach haut ee festen Bestanddeel vu mengem Liewen.
Mäi Wee huet mech dun an d'Medialitéit gefouert, dee Beräich, deen mech bis haut permanent faszinéiert. 
Ech hu meng Äusbildung gemeet zum spirituellen Berater a fillen mech emmer rem op ee Neits glécklech, iwerwältescht an dankbar mat den universellen Energien duerfen ze schaffen. Energien, déi ons alleguerten zur Verfügung stin, déi mer alleguerten duerfen an kënnen notzen wa mer bereed sin eis ze léisen äus deem Spannenetz vun Entmündejungen an Bevormundungen, déi sech vu klengem un duerch eist Liewen zéien. 
Och du kanns däi Bléckwënkel änneren an och du kanns dech léisen vun deem Netz vir der eng grouss oppen Welt ze weisen mat souvill méi Méiglechkeeten.

bottom of page